Kultur

Kultur

Interviewen, Kriticken, Commentairen a Reaktiounen zu der kultureller Aktualitéit
00:00
00:00

Episodesammendrag

Am Stéck "Dans les paroles, j’écoute le silence" ginn d’Yuko Kominami an d’Sophie Langevin der Anise Koltz hire Gedichter eng nei Form – net duerch Wierder, mee duerch Danz a Musek. D’Stéck war dëse Mount véiermol am TNL ze gesinn. Eng Theaterkritik vun der Emma Hizette an dem Jeff Schinker.

Episoder

5979-

"Dans les paroles j'écoute le silence" am TNL

Am Stéck "Dans les paroles, j’écoute le silence" ginn d’Yuko Kominami an d’Sophie Langevin der Anise Koltz hire Gedichter eng nei Form – net duerch Wierder, mee duerch Danz a Musek. D’Stéck war dëse Mount véiermol am TNL ze gesinn. Eng Theaterkritik vun der Emma Hizette an dem Jeff Schinker.

20 nov. 2026
5978-

Filmkritik: "Soudain"

D'Direktesch vun engem Paräisser Altersheem an eng kriibskrank japanesch Theaterregisseurin entwéckelen eng apaart Frëndschaft. Am Mëttelpunkt vum Ryusuke Hamaguchi sengem neien Drama steet eng Reflexioun iwwer eng méi mënschlech Begleedung vu kranke Leit. Eng Kritik vum Michel Delage.

20 nov. 2026
5977-

"Angstvoll und leicht sehnsüchtig"

Zukunftsvisiounen iwwer Lëtzebuerg, d'Liewen an iwwerliewe vun engem jüddesche Meedercher wärend dem Zweete Weltkrich ze Lëtzebuerg an den Trajet, deen d‘Frontalieren all Dag zréckleeë fir op Lëtzebuerg schaffen ze kommen - Lëtzebuerg vun haut, vu gëschter a muer sinn d'Sujete vun de, mam Lëtzebuerger Buchpräis ausgezeechente Wierker. Valerija Berdi mat Detailer am Gespréich mam Marc Clement.

20 nov. 2026
5976-

"1999 Meter über dem Meer" vun der Caroline Wahl

Haut geet et bei eis ëm dem Caroline Wahl säin neie Roman "1999 Meter über dem Meer". Eng Geschicht iwwer eng jonk Fra, déi op der Sich no sech selwer ass, spontan an den Auto klëmmt an ëmmer méi déif an eng Welt vu Ligen a Selbstinzenéierung geréit. Wat hannert där Rees stécht a wéi gutt de Roman gelongen ass, dat erzielt eis d’Emma Hizette.

19 nov. 2026
5975-

Thermos - dem Roland Wiltgen seng Uropféierung live um Opus

Haut den Owend kann een um 19h30 entweder am grousse Sall vun der Philharmonie, respektiv och live um Klassiksender Opus dräi Éischtopféierungen zu Lëtzebuerg an eng Uropféierung erliewen. D'Kläng vum Komponist an Dirigent Jack Sheen, der Freya Waley-Cohen, dem Roland Wiltgen an dem George Lewis suerge fir de passenden, “hëtzege” Flair. Dem 69 Joer ale Lëtzebuerger Komponist Roland Wiltgen säin "Thermos" passt perfekt bei d'Motto vum Festival, "Heat". De Roland Wiltgen kombinéiert gären Astronomie a Kosmologie a senge Wierker. Dat sinn nämlech och privat Passiounen. Konkret geet hien a sengem "Thermos" op d'Entsteeung vun eiser Äerd an; den Urknall. Wéi huet eist Universum an den éischte Momenter nom Urknall geklong? Wéi kann ee “fest”, “flësseg” oder gasfërmeg” mat Musek duerstellen? A Kulturen gëtt eis de Lex Kauffmann een Abléck an d'Wierk. Lauschtert eran: dësen Donneschdeg ab 19h30 iwwer DAB+, d'Opus 100,7 App oder iwwert de Stream op www.opus.radio. Duerch de Concert féieren de Lex Kauffmann vum Opus…

19 nov. 2026